D'AMVA ass eng Organisatioun déi et sech zum Ziel gemaach huet
d'Mobilitéit an d'sozial Integratioun vu blannen a séibehënnerte Leit
ze verbesseren. Mat Hëllef vun eisem éischte Projet NOVABUS (haut
ADAPTO) hunn mir et ville Mënsche mat enger Behënnerung erméiglecht um
sozialen, kulturellen a gesellschaftleche Liewen Deel ze huelen.
Dat setzt eis elo virun nei Erausfuerderungen.
Di betraffe Leit gi wuel vun engem Punkt op den anere bruecht, op der
Plaz selwer, z.Bsp. a Kliniken, bei den Dokteren, an de Restauranten,
an de Geschäfter oder den Administratiounen, sinn si awer nach ëmmer
op sech eleng gestallt a kréien dacks net weider gehollef. Mir als
AMVA hunn eis dësem neie Problem ugeholl an ee Konzept ausgeschafft
andeems mir dem Personal op de verschiddene Plazen eng Formatioun
ubidde fir dass si an Zukunft wësse wéi mat de Leit mat enger
ageschränkter Mobilitéit professionell ëmzegoen ass an hinnen deementspriechend weider ze hëllefen.
Dëse Projet nennt sech Aide+
Fir dass mir Mënsche mat enger Behënnerung ugemoosse kënnen hëllefe si
mir op är Donen ugewisen. 2007 hutt Dir eis mat äre Spende gehollef de
Projet NOVABUS an d'Liewen ze ruffen, dat mat groussem Succès. Déi
Kéier brauche mir är Spende fir eisen neie Projet Aide+ ze lancéieren.
Hëlleft eis anere Mënschen ze hëllefen. Iwwerweist eis ären Don mam Vermierk "AIDE PLUS" op de Konto:
LU92 0090 0000 4620 0028
Mir soen Iech villmools Merci
Pascale Link - Presidentin
Tel: 621 166 253