D'AMVA ass eng Organisatioun déi et sech zum Ziel gemaach huet d'Mobilitéit an d'sozial Integratioun vu blannen a séibehënnerte Leit ze verbesseren. Mat Hëllef vun eisem éischte Projet NOVABUS (haut ADAPTO) hunn mir et ville Mënsche mat enger Behënnerung erméiglecht um sozialen, kulturellen a gesellschaftleche Liewen Deel ze huelen.

Dat setzt eis elo virun nei Erausfuerderungen.

Di betraffe Leit gi wuel vun engem Punkt op den anere bruecht, op der Plaz selwer, z.Bsp. a Kliniken, bei den Dokteren, an de Restauranten, an de Geschäfter oder den Administratiounen, sinn si awer nach ëmmer op sech eleng gestallt a kréien dacks net weider gehollef. Mir als AMVA hunn eis dësem neie Problem ugeholl an ee Konzept ausgeschafft andeems mir dem Personal op de verschiddene Plazen eng Formatioun ubidde fir dass si an Zukunft wësse wéi mat de Leit mat enger ageschränkter Mobilitéit professionell ëmzegoen ass an hinnen deementspriechend weider ze hëllefen.

Dëse Projet nennt sech Aide+

Fir dass mir Mënsche mat enger Behënnerung ugemoosse kënnen hëllefe si mir op är Donen ugewisen. 2007 hutt Dir eis mat äre Spende gehollef de Projet NOVABUS an d'Liewen ze ruffen, dat mat groussem Succès. Déi Kéier brauche mir är Spende fir eisen neie Projet Aide+ ze lancéieren.

Hëlleft eis anere Mënschen ze hëllefen. Iwwerweist eis ären Don mam Vermierk "AIDE PLUS" op de Konto:

LU92 0090 0000 4620 0028

Mir soen Iech villmools Merci
Pascale Link - Presidentin
Tel: 621 166 253